Nationale Commemoratiounsdag 2020 – Proklamatioun vun der Regierung
Et ass wouer, datt et dacks Männer waren, déi géint déi däitsch Besatzung gekämpft hunn. D'Roll vun der Fra, déi d'Laascht vum Krich meeschtens eleng huet missen droen, ass leider an der Geschicht oft ze kuerz komm. Dofir wëlle mir dëst Joer ganz besonnesch de Fraen, Mammen a Meedercher gedenken, déi an de schwéiere Krichszäiten d'Familljen, awer och d'Gesellschaft insgesamt zesummegehalen hunn.