Neiegkeeten
Waardelëscht fir déi Persounen, déi hire Rendez-vous an der Phas 4 vun der Impfcampagne net geholl hunn
Déi Persounen, déi an der 4. Phas vun der Impfcampagne géint de COVID-19 invitéiert goufe sech impfen ze loossen (65-69 Joer) an déi kee Rendez-vous an där Period geholl hunn, kréien elo d'Méiglechkeet sech zu engem spéideren Zäitpunkt an engem Impfzenter impfen ze loossen.
Neien Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses zu de Konditioune fir d'Agi vum Impfstoff Vaxveria vun AstraZeneca géint de COVID-19
A sengem Avis vum 16. Abrëll hëlt de Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) Stellung zu de Konditioune fir d'Agi vum Impfstoff vun AstraZeneca, deen elo Vaxzevria heescht, am Hibléck op de rezenten Avis vun der europäescher Medikamentenagence (EMA) zu dësem Sujet an op d'Benotzungsrestriktioune jee no Alter.
Livestream vum Pressebriefing nom Regierungsrot
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel, zesumme mam Romain Schneider als stellvertriedende Gesondheetsminister, informéieren d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot. De Livestream fänkt géint 15 Auer un.
Asaz vun Antigen-Selbsttester an de Schoulen a Presentatioun vum Rapport iwwert d'Situatioun an de Schoule vum 4. Januar bis 4. Abrëll
De Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, wäert den Asaz vun Antigen-Selbsttester presentéieren, déi no der Ouschtervakanz an der Grondschoul an am Secondaire agefouert ginn. De Livestream fänkt géint 10:30 Auer un.
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 5. bis den 11. Abrëll
An der Woch vum 5. bis den 11. Abrëll, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.544 op 1.265 erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 3.808 op 3.122 Kontakter erofgaangen ass (-18%).
Gratis PCR-Tester fir reesend Persounen déi um Lux-Airport ukommen
Ab dem 9. Abrëll kann all Persoun, déi no enger Rees mam Fliger zu Lëtzebuerg ukënnt, op en Neits vun engem gratis PCR-Test um Flughafen um Findel profitéieren.
Agenda vun der Regierung
Keen Evenement fir haut matgedeelt.